Scho fir d’fënneft Kéier hu mir eis OarbechterKiermes an eisem Atelier Central ofgehalen. Als Hommage un d’Kiermesse vum Ufank vum 20. Joerhonnert, goufen et traditionell Spiller ze entdecken, déi d’Ekipp vum FerroForum op hir Manéier adaptéiert huet. Den eppes aanere Karrussel, d’Drotstroos, d’Keelebunn, den Hau den Lukas…net just déi Kleng hunn sech gutt amuséiert.

Dëst Joer ware mer besonnëg frou, eisen nationalen „Hercule Forain“, de Georges Christen bei eis ze hunn. Mat senger droender Stëmm a senger onbändeger Energie huet hien eng beandrockend „Power Show“ animéiert. Musikalesch begleed gouf hien dobäi vu kengem aneren wéi dem Luciano Pagliarini.

Apropos Musék: Den Optakt hunn och dëst Joer d’Biergaarbechter-Musék vun Esch gemaach mam Hämmelsmarsch, gefollegt vun engem Concert. Speider am Dag hu mer dann och nach d’Schëfflenger Musek bei eis empfaang – dat war ursprénglech net esou geplangt, mee ëm sou erfreelech fir eis! De musékaleschen Ofschloss hunn dann les Amis de l’Accordéon gemaach.

Et goufen awer och Aktivitéiten an Demonstratiounen vun eiser Ekipp – am Atelier a besonnëg an der Schmëtt krut een en Abléck op d’Aarbecht mam Eisen.

Eise Kiermes-Menu ass och gudd ukomm: Ierzebulli, Kiermeskuch mat Ham, Wuppen, an och Taarten an Eisekuchen si gutt fortkomm.