(LU) D’Ekipp vu FerroForum invitéiert Iech häerzlech op déi véiert Editioun vun eiser OarbechterKiermes, de Samschden, 24. Mee ab 13h am Zentralatelier vun der Metzeschmelz zu Esch-Schëffleng.

Als Hommage un d’Kiermesse vum Ufank vum 20. Joerhonnert, ginn et traditionell Spiller ze entdecken, déi d’Ekipp vum FerroForum op hir Manéier adaptéiert huet.

Et sinn awer och aner Forainen an Artiste mat vun der Partie, wéi z.B de Schéisstand vun der Familie Ney, an « Spill Mol » mat hire Spiller. De Joe Del Toe wäert och erëm eisen Zentralatelier mat senge Spaassegkeeten onsécher maachen. U Musek soll et net feelen: D’Biergarbechter-Musék vun Esch ass natierlech erëm dobäi, souwéi Les Amis de l’Accordéon, an aus der Belsch den Denys Gigot.

Versicht och ärt Gléck bei eiser Tombola – et ginn Unikater ze gewannen!

Mir wäerten och erëm d’Kamelleschmelz© fueren, déi vum Trixi Weis entworfen Miniaturschmelz, déi Kamellen amplaz vu Stol produzéiert.

Fir Iessen a Gedrénks ass op eiser Kiermes natierlech och gesuergt – sidd gespaant ob de Buermaschinne-Kebab vum DKollektiv, mee och ob déi aner hausgemaache Spezialitéite vun eiser Ekipp. D’Kolleegen vu Millebéier hunn och nees « EiseBéier » gebraut.

Wéi ëmmer ass den Accès ze Fouss oder per Velo vum Portail Schëffleng an Esch-Neiduerf méiglech. Et wäert och eng Navette ginn, déi tëscht 13:00 an 22:00 en Aller-Retour tëscht dem Parking Portail Lalleng an dem Zentralatelier mécht.

❗Leit mat mobilité réduite kënnen eis am Virfeld kontaktéieren, an mir soen hinne wéi se bei eis kommen.

⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️

DE PROGRAMM:

13:00  Ouverture du site / Départ 1. Navette @ Portail Schifflange
13:00-14:00   Apéro et ouverture officielle / Hämmelsmarsch vun der Biergarbechter-Musék vun Esch-Uelzecht
14:00-15:00  Concert / Biergarbechter-Musék vun Esch-Uelzecht
14:00-18:00  Kiermes Spiller / Eis traditionnell Spiller sinn op bis mindestens 18:00
15:00-15:30  KamelleSchmelz / Dem Trixi Weis seng Miniaturschmelz, gefuer vun eiser Ekipp
15:00-16:00  Concert déambulatoire / Denys Gigot et son accordéon
16:00  Joe Del Toe / Notre clown préféré en déambulation ferrugineuse
16:30-17:00  KamelleSchmelz / Dem Trixi Weis seng Miniaturschmelz, gefuer vun eiser Ekipp
17:00  Tombola Ferruginös / Tirage vun der Tombola
18:00-19:00  Concert / Les Amis de l’Accordéon
21:00-22:00  Fermeture du site/ Départ lescht Navette @ FerroForum um 22:00!

⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️

(FR) L’équipe de FerroForum vous invite à la 4e édition de sa traditionnelle Kermesse Ouvrière, le samedi 24 mai à partir de 13:00 à l’Atelier central de la Metzeschmelz à Esch-Schifflange.

Dans la tradition des kermesses du début du XXe siècle, vous pourrez découvrir des jeux traditionnels revisités façon FerroForum.

D’autres forains et artistes seront aussi de la partie, comme le stand de tir de la famille Ney, l’équipe de « Spill Mol », ou le clown Joe Del Toe. Le cadre musical sera assuré par la Biergarbechter-Musék d’Esch-sur-Alzette, les Amis de l’Accordéon et l’accordéoniste belge Denys Gigot.

Ne ratez surtout pas notre grande tombola avec des pièces exceptionnelles à gagner!

A ne pas manquer : les démonstrations de la « Kamelleschmelz © », usine sidérurgique en miniature, simplifiée et ludique, créée par l’artiste Trixi Weis, et qui fabrique des bonbons au lieu de produire de l’acier.

Comme pour toute kermesse, il y aura également de quoi se restaurer, dont l’exceptionnel perceuse-kebab du DKollektiv, mais aussi les autres spécialités maison de notre équipe. Et comme toujours en exclusivité: notre bière créée par Millebéier.

Comme d’habitude, l’accès se fera à pied ou à vélo depuis les portails de Schifflange et Esch-Neudorf entre 13:00 et 22:00. Une navette fera également l’aller-retour en continu entre le parking portail Lallange et l’Atelier central entre 13:00 et 22:00.

Les personnes à mobilité réduite peuvent nous contacter directement, et nous vous expliquerons comment venir.