(LU) D’Ekipp vu FerroForum invitéiert Iech häerzlech op déi nächst Editioun vun eiser OarbechterKiermes, de Samschden, 16. Mee 2026 ab 13h am Zentralatelier vun der Metzeschmelz zu Esch-Schëffleng.
Als Hommage un d’Kiermesse vum Ufank vum 20. Joerhonnert, ginn et traditionell Spiller ze entdecken, déi d’Ekipp vum FerroForum op hir Manéier adaptéiert huet.
Méi Informatioune geschwënn!