.2302

Refaire du Fer – Vol 1 : « Eisenzäit »

« Refaire du Fer, Vol.1 » – Dag 1 (20.06.2025)

Dëst Joer hu mer eis éischt Editioun vun eise Rei « Refaire du Fer » lancéiert, bei där mer d’Geschicht vum Eisen presentéieren. Bei dëser éischter Editioun loung de Schwerpunkt op d’Eisenzäit, konkret op d’Archeologie an d'(vir-)industriell Geschicht.

Um Virdag vum ëffentlechen Deel vun der Veranstaltung hate mir d’Klass 7G2 vum Lycée Aline Mayrisch Luxembourg bei eis op Besuch. Déi motivéiert Jonker hunn net just eppes bäigeléiert iwwert Metallurgie, mee si hunn och dierfe mat upaken. Esou Collaboratioune mat Schoulen si fir eis enorm wichteg, well mir de “savoir-fer” ëmmer gären u Jonker weiderginn.

[ scrollt erof fir den Dag 2]

« Refaire du Fer, Vol.1+ – Dag 2 (21.06.2025)

Bei dëser éischter Editioun loung de Schwerpunkt op d’Eisenzäit, konkret op d’Archeologie an d'(vir-)industriell Geschicht.

Mir hunn Demonstratioun vun historesche Praktiken an Techniken ugebueden, mir hunn eis eegen Archive an historesche Stécker presentéiere kënnen, a konnten exklusiv Stécker vun eise Frënn vum Musée Rural vu Peppeng a vum Dr. Marc Schaack vum AHME ausstellen. D’Hephaïstos-Brudderschaft war och dobäi mat Schmëttanimatiounen, an et gouf och e gudde Maufel z’iessen. Mir haten och den internationalen Expert Rémy Nicolle bei eis fir eng Konferenz zu historescher Metallurgie.

Den Highlight vum Dag war eng Demonstratioun um Rennuewen vun eiser Ekipp, geleet vum Expert fir experimentell Metallurgie, dem Romain Bohr, an der Produktioun vun enger Lupp vu sate 15kg !

Freet iech mat eis op d’Fortsetzung vun dëser spannender Rei an de nächste Joren.

[All Fotoe vum Romain Girtgen ]

⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️

PROGRAMME

10:00: ouverture 

  • ‎10:00 – 17:00

Démonstration de bas-foyer & forge

Exposition thématique

Points forts :

  • 11:00: Conférence sur la métallurgie ancienne par M. Rémy Nicolle (ingénieur en métallurgie et chercheur)
  • entre 15:00 et 17:00: ouverture du bas-foyer et sortie de loupe
  • ‎18:00 : clôture! Accès en navette via le portail de Lallange
    ! Accès à pied via les portails de Schifflange et de Neudorf

⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️⚒️

Partenaires : AHME , Musée rural de Peppange, Hephaïstos-Brudderschaft